Dir hutt dräi Offerten virun Iech, an d'Montante leien bis zum Duebelen auserneen. Dat ass selten Bedruch: Meeschtens beschreiwen se einfach net datselwecht. Hei sinn déi zéng Punkten, déi Dir Zeil fir Zeil kontrolléiere sollt, ier Dir Präisser vergläicht.
1. Bleift een op der Plaz?
Dat ass de gréissten Ënnerscheed tëscht zwou Offerten. „Liwwerung, Opbau an Ofbau inklusiv“ heescht: Een bréngt d'Box a fiert erëm. Während der Feier sinn Är Gäscht eleng mam Bildschierm. Frot einfach: Wien ass do tëscht der éischter an der leschter Foto?
2. Wéi vill Stonnen – a wat kascht all weider?
Eng „24-Stonne-Locatioun“ sinn net véierananzwanzeg Stonne Programm, mee d'Zäit, während där d'Box bei Iech steet. Vergläicht déi betreit Stonnen a frot no dem Präis vun enger zousätzlecher Stonn, wann den Owend méi laang gëtt.
3. Drocker: onbegrenzt oder wéi vill?
Verschidden Offerten enthalen eng fix Zuel u Fotoen, aner sinn onbegrenzt. Kontrolléiert och Format an Drécker: E Sublimatiounsdrécker a Laborqualitéit liwwert Fotoen, déi halen – e Bürosdrécker net.
4. D'Technik
Eng richteg Kamera a Studioliicht – oder en Tablet mat senger agebauter Kamera? Den Ënnerscheed gesäit een op all Foto. Frot no onbeaarbechte Beispillfotoen, net nëmmen no Stëmmungsbiller.
5. D'Ufaart
Ass se am ganze Land inklusiv, oder gëtt pro Kilometer gerechent? A wat mam Parking, wann d'Location an der Stad ass?
6. Kautioun, Acompte an Annulatioun
Eng Kautioun deckt eventuell Schied of, en Acompte reservéiert den Datum – dat sinn zwou verschidde Saachen. Liest och d'Annulatiounsbedéngungen: Wat geschitt, wann Ären Event verluecht gëtt?
7. De Plang B
En Drécker kann hänke bleiwen, e Kabel ka futti goen. Wien fléckt dat während der Feier, a gëtt et Ersatzmaterial? Ouni Betreiung op der Plaz ass d'Äntwert dacks: keen.
8. D'Fotoen no der Feier
Wéi laang bleift d'Galerie online? Ass se mat engem Passwuert geschützt? Wou ginn d'Fotoe gespäichert, a wien huet Zougrëff? Dat si perséinlech Donnéeën – e seriöse Fournisseur kann Iech dorop äntweren.
9. D'Personaliséierung
De Layout vun de Fotoen an Äre Faarwen, Äre Logo um Bildschierm, passend Accessoiren: inklusiv oder géint Opprais?
10. D'TVA
Vergläicht ëmmer d'Montanten TTC. Eng Offert ouni TVA gesäit méi bëlleg aus; mat 17 % TVA kann den Ënnerscheed verschwannen. Ëmgedréint rechne verschidde Fournisseuren guer keng TVA.
Sou leet Dir d'Offerten nieftenee
Huelt e Blat, schreift déi zéng Punkten an d'Zeilen an Är Offerten an d'Kolonnen. Notéiert, wat dran ass a wat net. Eréischt dann vergläicht Dir d'Präisser – an Dir vergläicht endlech datselwecht.
Wat de Präis vun enger Fotobox ausmécht, liest Dir hei: Wat kascht eng Fotobox zu Lëtzebuerg?
Wëllt Dir eng Offert fir ze vergläichen? Stellt Äre Pak zesummen a kritt an e puer Minutten eng Schätzung.





